Liichtathletik zu Dikrich

Liichtathletik zu Dikrich virum Celtic

Liichtathletikaktivitéiten zu Dikrich gëtt et net réicht zënter datt den CELTIC besteet. Schon de 16.Juli 1916 gouf zu Dikrich een neie Rekord am Speerwerfen opgestallt, deemols mat 42,48 Meter, an 1943 huet de Josy Barthel zu Dikrich seng éischt 1500 Meter gewonnen.

De Celtic war och net deen éischte Liichtathletikveräin hei zu Dikrich. An den 30iger Jore gouf et eng Liichtathletiksektioun bei de Young-Boys, wou besonnesch de Paul Hammer ee vun deene Beschten am Land war. Méi spéit gouf et da während enger Rei vu Joren den ACD, den Athletic-Club Dikrich.

Ee laangen Ulaf

De Start vum heitige Liichtathletikveräin gouf ët am Fong geholl 2 mol. An den Ufanks 60ziger Joren hat dee verstuerwene Sportsfrënd Jos Medernach d’Iddi an den Dram zu Dikrich ee Liichtathletikveräin an d’Sportswelt ze setzen. Als engagéierten Dirigent am Basketballclub, hat hien  erreecht, datt  deen deemolige Basketballclub BBCD seng Strukturen geännert huet, fir vun do un als Veräin mat méi Sportsektiounen ze funktionnéieren an  dat ënnert deem neien Numm  Cercle Sportif Standard Diekirch.

Wann och d’Ausgangssportsektioun, de Basket, voll fonktionnéiert huet, dann hat awer di geplangte Liichtathletiksektioun déck Problemer fir op d’Been ze kommen. Fir als Liichtathletikveräin an d’FLA, Fédération Luxembourgeoise d’Athlétisme, opgeholl ze ginn, huet ee mussen  10 Lizenze vun aktive Liichtathlete viirleeën. Dee Quorum huet de Jos awer réicht Joere méi spéit erreecht wéi  massiv Hëllef vu bausse komm ass. An dat goung esou.

Nodeems de Léi Moureaud 1964 bei de Landesmeeschterschaften am Cross vun der LASEL hei zu Dikrich bei den Non-Licencés de Championstitel kritt  hat, ware sämtlich Spëtzeveräiner hannert him heer fir hien als Member an hire Veräin ze kréien. Hien huet dunn eng Lizenz bei der Fola Esch ënnerschriwen. Dem Léi seng Begeeschterung fir d’Liichtathletik a säin Trainertalent hunn du bewierkt, datt bis 1968 nach 14 aner Dikricher eng Lizenz an der Fola haten a regelméisseg a mat vill Erfolleg déi rout a wäiss Folasfaarwe verdeedigt hunn. Mä de Léi hung vill ze vill u sengem  Dikrich fir datt dat nach sollt Joere sou weider goen: ëmmer fir eng „aner“ Uertschaft/Veräin ze lafen.