Grënnung vum Celtic

1. Etapp : 18.10. 1968 an 27.11.1969

1968 goufen dann de Jos an de Léi,  déi 2 fréier Noperen aus der rue des Artisans sich eens :  encouragéiert vun eisem Olympiasieger Josy Barthel  konnt de Léi ënnert der Presidentschaft vum Erny Thiel, ee Comité op d’Bee setzen  an du mat senge 14 Kollegen den Transfert maachen . Dunn hat de Jos säi Quorum an Dikrich een neie Liichtathletikveräin,  als Sektioun vum CS Standard. An der Grënnungsversammlung, déi den 18. Oktober 1968 am Cinemassall vum Kolléisch war, ass dee folgende Comité ugetrueden: Erny Thiel (President) Jean-Pierre Kraemer (Vice-President) Dr Raymond Meyers (Conseiller médical), Léi Moureaud (Sekretär), Will Lorang (Trésorier)  Norbert Toussaint a Paul Werer (Memberen).

Am Abrëll 1969 hunn d’Athleten, deemols nach eng reng Männersektioun, un deem éischte Meeting fir hiren neie Veräin deelgeholl. D’Begeeschterung war grouss. Dat éischt Joer konnt schon de Championstitel an der 3ter Divisoun gefeiert ginn  an Enn 1969 goufe schon 80 Lizenze gezielt.

Mee an dem grousse Standard huet d’Häerz vun der Direktioun zevill eeseitig fir de Basket geschloen, deemno gouf beschloss sich selbstännig ze maachen.

2. Etapp: 27.11.1969, endlech

An enger extraordinairer Generalversammlung huet de 27. November 1969 d’Liichtathletiksektioun sich vum CS Standard lassgeléist a sich als autonome Liichtathletikveräin ënner dem Numm Cercle Athlétique CELTIC DIEKIRCH konstituéiert a funktionnéiert zënter dem 5. November 1976 als Association sans but lucratif.

1970 goufen dann och di éischt Damme-Lizenzen ënnerschriwen. Ufank de 90zeger Joeren sin och nach den Duathlon an den Triathlon derbäikomm. Den Celtic ass och an der Triathlonfédératioun ageschriwen.