Training

Et gin am Celtic verschidden Trainingsgruppen

  • CELTIC Liichtathletikschoul
  • CELTIC Créateur d’athlètes
  • CELTIC Powerhouse of athletics
  • CELTIC Liichtathletik fir Jiddereen

D’Andeelung an déi verschidden  Gruppen ass prinzipiell ofhängeg vum Alter vun de Sportler. Mir kucken och op hir Entwecklung. D’Iwwergäng tëschent de Gruppen sin fléissend no Ofsprooch vum Coordinateur sportif mat den Traineren an dem Athlet. Fir flott Joeren an der Liichtathletik ze verbrengen, muss een net onbedengt all des Trainingsgruppen duerchlaf hun.  Quereinsteiger gin an d’Gruppen integréiert.

CELTIC Liichtathletikschoul

Fir Kanner vun 5 Joer un bis 11 Joer, d.h. aus den Kategorien Ludiques, Benjamins an Débutants

Déi jonck Sportler kréien eng adaptéiert Préparatioun fir all Sportarten an Disziplinnen déi am Celtic praktizéiert gin: Liichtathletik, Triathlon, Duathlon. D’Übungen, d’Geräter an d’Spiller sin hirem Alter ugepasst. Si léieren esou d’Grondbegrëffer vun de verschiddenen Haaptdisziplinnen d.h. Sprint, Laf, Sprong, Worf.

Dat wichtegst awer as Freed a Spaass zesummen mat de Celtic Kollegen

Trainer :  Aline Kiesch U10  Josée Schäfer U10 - Elisabeth Hoffmann U12 - Mieke Koster U12 - Anne Siebenaler U12 - Max Schroeder U12

CELTIC Créateur d’athlètes

Fir Kanner teschend 12 Joer a 14 Joer, d.h. aus den Kategorien Scolaires a Minimes.

D’Zil ass zesummen mam Athlet seng Disziplin ze fannen an hien dohin z’orientéieren. D’Minimes maachen hir éischt Erfahrungen bei Meeschterschaften. All Joer kommen do CELTIC Athleten op de Podium, mee dat ass net dat Wichtegst. Eng Liichtathletikcarrière ass ee Laangzäitprojet an deemno gëtt Schrëtt fir Schrëtt, ouni Etappen z‘iwwersprangen, den Athlet zu senger Epreuve higefouert  fir no a no de perfekten Geste ze léieren.

Trainer : Sebastiaan Van den Heuvel, Kenny-Neal Wolmering, Stefan Kornelis, Jo Brandenburger, Mirko Gregor, Alain Hoffelt

CELTIC Powerhouse of athletics

Vun der Kategorie Cadets bis un d’Enn vun der Carrière. Hei gëtt op déi Joeren virdrunn opgebaut, mam Zil der idealer Kombinatioun vun Esthetik an Efficacitéit esou no wéi méiglech ze kommen.

Trainer : Stefan Kornelis, Jo Brandenburger, Mirko Gregor, Alain Hoffelt, Véronique Michel

CELTIC Liichtathletik fir Jiddereen

Jiddereen, gëtt op Wonsch an no Méiglechkeet vum CELTIC Trainerteam beroden.

TRAININGSPLAZEN  

Plan

  1. Centre Sportif, rue Jos Merten, Diekirch.
  2. Sportshal Lycée Classique Diekirch, Neit Gebei.
  3. Sportshal Primaireschoul, Place de l’Ecole

TRAININGSZAÏTEN

Dag Auer Plaz Grupp
Méindeg 19:00 - 21:00
(am Wanter)
18:00 - 20h00

Sportshal Primaire Schoul (3)

Centre Sportif (1)

Créateur d’athlètes (Minimes)
Powerhouse of athletics
Mëttwoch 18:00 - 20:00 Centre Sportif (1) All
Freideg 18:00 - 20:00 Centre Sportif (1) & (2 am Wanter) All

Mir maachen keng Vakanz. Den Training fällt just aus wann een offiziellen Feierdag ass an deemno d’Hal zou ass. Dat gët annoncéiert.

STAGEN

De CELTIC organiséiert zwee Stagen :
De Stage fir Athleten vun der Kategorie Minimes un an der Ouschtervakanz zu Palafrugell an La Fosca op der Costa Brava (ESP).
De Stage fir Débutants a Scolaires ass meeschtens an der Päischtvakanz.