Stage Dikrich Ouschteren 2016

Joleen Douw, Célie Wald, Carole Lambert, Dana Bechet, Mina Douw, Lynn Hansen, Liz Reiland, Sam Heuts, Noah Herard
Nit ob der Foto: Catherine Birchen

Stage zu Dikrich vum 29/03/2016-01/04/2016

Duerch verschidden Verflichtungen haten verschidden Athleten net de Wee ob Palafrugell an den Trainingslager fonnt, an anerer waren nach ze jonk fir matzegoen.
Duerfir hu mer ee Stage hei ze Lëtzebuerg organiséiert iwwer 4 Deeg, wou ënnert der Opsiicht vum Luc, 10 Athleten  2 mol des Daags trainéiert hunn.
Moies war Lafen ugesot, a mëttes Technik. Grad wéi zu Palafrugell hunn d’Athleten moies a mëttes trainéiert a kruten mëttes eppes Klenges ze iessen.
Wéi der op de Biller gesitt war Stëmmung gutt och wann Wieder net 100% war. Dach mir hate mam Wieder nach Chance. Donneschdeg mëttes hate mer och eng mental Trainingsunitéit an dem mer an de Kino waren.
All d'Athleten hu super matgemaach a mir hoffen dat sou e gudde Grondsteen fir d’Summersaison geluecht gouf.