November

 

Kids Cup 20. November zu Diddeleng

Dem Celtic seng Equipe op der éischter Plaz beim Kids Cup zu Diddeleng. Félicitatioun un déi Jengst 

20. November Trail Uewersauer Heischend

Victoire vum Sandra Huberty iwer 10 Kilometer. Op der 3. Plaz  Diane Heuertz. Bei den Hären kënnt den Sebastian Van den Heuvel op déi 7. Plaz.

13. November Cross RBUAP Rodange

Victoire vum Christian Molitor viirum Jérôme Ewen bei de Männer. Bei den Damen kënnt Tanja Fransissi op dé zweet Plaaz.
Victoir  bei den Débutats vum Fabrice Reiland. 3. Plaz vum Dana Bechet bei de Scolaires fém. 

12. November Deuluxlaf Langsur

Victoire vum Yonas Kinde an 30'43. 7. Bob Bertemes  an 15. Ali Hachim Prati . Par Equipe: 1 Celtic Yonas-Bob-Moris / 7. Charel- Tim-Kevin / 9.Celtic Gil-Val-Charel
Victoire bei den Damen vum Vera Hoffmann   Par Equipe: 1. Celtic Vera-Jenny-Anne Sophie /  9. Celtic Chantal-Mike-Josée
De Marc Funck réaliséiert eng perséinlech Beschtzeit.

06. November City Marathon New York

De Roger Königs kënnt op déi excellent 32. Plaz beim internationalen Marathon zu New York. De Roger erfëllt sech een Draam mat sengem Start. War um Enn trotz dem Chrono vun 2 Stonnen 29 Minuten an 2 Skonnen zefridden. De Roger get och beschte belschen Marathonleefer.

04. November Fakellaaf bei der Belle-étoile

Victoire vum Yonas Kinde viirum Omar Bekkaliaus der Belsch. Plaz 9 fir de Moris Brust an den Abel Worku  get 12.ten
Bei den Damen kënnt d'Martine Mellina op déi 3. Plaz. D'Jenny Gloden kënnt op déi 7. Plaz