Résultats
AUGUST 2011
Werfermeeting 27. August zu Diddeleng
Victoiren vum Véronique Michel am Diskus- an Hummerwerfen fir Min. fém.
Mam Diskus réaliséiert d'Véronique eng nei Celtic Beschtleeschtung 33,23 m fir Minimes fém.
All Resultater : www.fla.lu
Internationalen Wämpertriathlon 21. August zu Weiswampisch.
Championstitel fir d'Anne Berkes bei den Junioren.
Bei den Youth C get d'Elena Thull Vizechampionne.
De Christian Survaci get Vizechanpion bei de Masters..
De Carlo Pletschette gëwënnt de Promo
Bei der Elite gët de Jérôme Ewen Vizechampion
.De Pol Bentner 7.te Lëtzebuerger op der 32.ter Plaz
De Jemp Hilger an de Max Schaeffer si leider mam Velo gefall, mir wënschen Hinnen eng gutt Besserung an hoffen dat sii geschwenn erëm kënnen trainéieren.
All Resultater: a vill Photoën www.triathlon.lu
Wämperloof 20. August zu Weiswampisch
Damecourse 10 Km get gewonnen vum Ferahiwat(Mimi) Königs-Gamachu.All Resultater : www.triathlon.lu oder www.chronorace.be
Läuferabend 12. August zu Jünkerath
D'Martine Mellina gewënnt Dame-Course iwer 3 000 Meter an perséinlecher Beschtzeit vun 10'14"18.
D'Martine verbessert sech em ronn 5 Sekonnen a réaliséiert eng nei Celtic-Beschtleeschtung fir Espoiren
D'Brigitte Schartz ëwënnt seng Alterskatégorie iwer 3 000 m mat engem Chrono vun 11'54"48
Internationale Meeting zu Schëffleng 7. August
Victoiren vum Laurence Jones am Weitsprong Cad/Min.fém a Cathie Zens Héichsprong Cad/Min fém.
2. Plaz: Martine Mellina 1 000 m 2'56"47 an Elena Thull 800 m Scol fém.
3. Plaz : Pascale Schmoetten 5 000 m Damen
Resultater ënner www.cas.lu
Flanders Cup 6. August Ninove
D'Martine Mellina réaliséiert ee Chrono vun 4'36"15 iwer 1 500 Meter.
D'Martine kënnt an der 2.Série op déi 8. Plaz a verpasst seng perséinlech Beschtzeit ganz knappe.
Resultater ënner; http://www.servnetsport.be/2011/rasschaert/event016h02.html
an Info http://www.atletiekvita.be
/
Meeting Dampicourt 5. August
D'Laurence Jones leeft iwer 80 Meter Hecken Min.fém. eng nei perséinlech Beschtzeit an e Chrono vun 12"81
