Résultats

Jenny Gloden Minimes Meedercher Pol Petit

Dezember

31/12/2009: Sylvesterlaf zu Ramerisch

De Sven Fischer beschten Junior.
De Stefan Kornelis kënnt op déi 4. Plaz. Exellent Course vum "neien Celticleefer" Nico Klasen op der 6.ter Plaz. De Sven Fischer get als 10.ten , beschten Junior just viirum Dan Stranen ee vun de Bescten Masters. Den Sven Schiltz get op der 18. Plat zweeten Junior.
Bescht Celtic-Fra war d'Brigitte Schartz.

19/12/2009: 6. Chreschtlaf Déifferdeng

De séiersten Celtic Leefer bei sibireschen Temperaturen a Schnéi beim 6. Déifferdenger Chreschtlaf (10 Km) war de Marc Disewiscourt als 23. an 40.03,. E puer Plazen hannendrun war de Christian Karger op der 29. Plaz. Och de Paul Linckels ass net erfruer a koum als 43 an d'Arrivée. Den Détail: www.rbuap.com

18/12/2009:  Lafmeeting Coque

Beim eischten Indoor Meeting fir des Saison stellt d'Chantal Hayen ee Celtic Rekord op iwwer 300 m an 41"75.
Dem Sven Fischer gelengt datselwecht iwwer déiselwecht Distanz bei de Männer an 37"02.
D'Jenny Gloden leeft Club Rekord iwwer 600 m an 1'38"44.
Doniewend stellen de Ben Bertemes (1000 m an 2'31"56), d'Joanne Schartz (1000 m an 3'04"56) an d'Anaïs Bauer (300 m an 43"66)Celtic Beschtleeschtungen op an den Alterskategorien.
Den Détail mat och all deenen anere feine Leeschtungen vun de Celtic Leefer op www.fla.lu

13/12/2009: Cross zu Beles

D'Pascale Schmoetten feiert seng 3. Victoire vun der neier Wantersaison.
Zu Beles um Galgebierg konnt d'Pascale sech souverain  durchsetzen.
De Sven Fischer gëwënnt d'Course bei de Junioren.
De Stefan Kornelis get op der 8. Plaz beschte Celticathlet an der Männercourse.
Den Détail op www.fla.lu

08/12/2009: Gymnasiade Doha

De Ben Bertemes kënnt iwer 1 000 Meter an der 2. Série op déi 6.te Plaz.
Dem Ben sein exellente Chrono vun 2'33"37 ass eng nei perséinlech Beschtzeit an eng Celtic-Beschtleeschtung fir Cadet. 

07/12/2009: Gymnasiade Doha:

Bei der Gymnasiade zu Doha am Katar réaliséiert d'Joanne Schartz an der Final iwer 3 000 Meter eng exellente 5. Plaz. 
Bei Temperaturen vun ëmm 25 Grad leeft d'Joanne eng perséinlech Beschtzeit vun10'25"02.
Dëst ass och eng nei Celtig-Beschtleeschtung fir Cattes.
Joanne Schartz Ben Bertemes Chantal Hayen