Résultats
27.9.2009 Interclub Titelen 3 a 4 fir 2009
Bei de Dexia Route du Vin hun d'Celtic Leeferinnen a Leefer Championstitelen Nummer 3 a 4 am Interclub Klassement recoltéiert: Dammen mat Nancy Gasperini, Tania Ley-Fransissi an Paulien Spithoven-Santuisen hun fir d'éischt zënter laangem nees den Titel am Strooselaf par Equipe gewonnen. D'Nancy Gasperini ass individuel am Semi-marathon op déi drëtt Plaz komm. Bei de Männer ass de Roger Königs 'Champion de la FLA' gin. Zesummen mam Patrick Majerus an Dan Stranen huet de Roger och nach den Titel par Equip gewonnen. Och dat hate mir scho laang net méi. Den Detail: www.fla.lu
