Next
Al Dikrich: Freideg, 13.07.2012 - Dënsdeg, 17.07.2012, Wäibud, Al Kierch, Dikrich
Léiw Memberen ;
Fir d’éischt wëlle mir mol all deene vun iech merci soën, déi sech scho bereet erklärt hunn eng Schicht (oder och méi) op A lDikkrich ze iwwerhuelen.
Mee mir mussen leider awer och feststellen,dass nach ganz vill Athleten an Elteren sech bis elo nach guer net gemellt hun. U si geet dofir den Appell, sech dach w.e.g. fir eng Schicht ze mellen,soss komme mir net iwwert d’Ronnen.
Mir wëssen och, dass eis Liichtathleten de Samsdeg de 14.07. an de Sonndeg de 15.07. Championnat hunn. an déi Deeg net hëllefe kënne kommen. Mee vu Sonndes owesbis Mëttwochs misste si awer present kënne sinn, besonnesch wou déi meescht Schoulvakanz hunn. Fir déiéischt 2 Deeg wire mir da frou wa sich nach puer Eltere vun eise jonken Athlete ginge melle, fir eng Hand mat unzepaken.
Hei fannt dir een Tableau wou dir gesidd, opwat fir enge Schichten mir nach Leit brauchen. Zéckt net ze laang, a mellt iechiwwer e-mail beim mfrising@pt.lu oder beim yves.zimmer@education.lu ; den éischten ass vir !
Merci am Viraus !!
Marcel Frising an Yves Zimmer
Et feelen eis bis elo nach am Résumé 59 Leit
