Next
Ouschter Stage a Spuenien 2013
Rees:Dohinn: mam Bus, Départ Diekirch beim Centre sportif, rue Jos Merten :Donnechdeg, 21.3.2013 um 19.30 Auer ->zu La Fosca, Freideg, géint 11.00 Auer.
Zréck: mam Bus, Départ La Fosca: Freideg, 29.3.2013 um 16.00 Auer ->zu Diekirch, beim Centre sportif, rue Jos Merten , Samsdeg, 30.3., géint 8.30 Auer.
Logement : Hotel Ancora, La Fosca ; www.hotelancora.net, tel : 0034 97 231 4858, Adress : c/Josep Pla s/n 17230 Palamos.
Training:Estadi municipal ; C. Ample s/n Palafrugell (http://esportpalafrugell.com), Bëscher/Plage.
Encadrement: Gino ANTOINE, Maria PACZOS, Justin GLODEN, Paul ZENS.
Programm: all Dag : Kaffedrenken : 8.00-8.30 ; Mëttegiessen : 13.00 Auer ; Owesiessen : 19.00 Auer ; op d‘Zëmmer: 22.00; Luucht aus: 22.30 Auer; Départ Bus firop de Stadion: ëmmer 30 Minuten virumTrainingsufank. Ëmmer op den Aushang an der Réceptioun vum Hotel kucken!!
Samsdeg: 10.45 Training Stadion – 16.30 Training Stadion
Méindeg: 10.45 Training Stadion – 16.30 Training Stadion
Dënsdeg: 10.45 Training Stadion – 16.30 Training Stadion
Mëttwoch: 10.45 Training Stadion – 16.30 Training Stadion
Donnechdeg: 10.45 Training Stadion – 16.30 Training Stadion
Freideg: 10.45 Training Stadion – Zëmmereidel raumen a Gepäck an de Bus.
„Training Stadion“ heescht, dass mir de Stadion zur Verfügung hun. Ob Training ass hänkt vum jeweilegen Trainingsprogrammm of, d.h. d‘Trainer soen iech Bescheed bzw. Aushang an der Réceptioun vum Hotel kucken!!.
Gepäck:niewend dem Sportgezei a Sportschong a normal Kleeder och Artikelen fir d’Plage a d‘Piscine apaken. Och e puer gutt Bicher mathuelen. Sonnecrème a Reejacket nët vergiessen. Denkt och un Seef, Zännbiischt, Zahnpasta. Onbedéngt eng gülteg Identitéiskaart an d’Krankekeess-Kaart mathuelen. All déi Mannerjähreg eng „Autorisation parentale“ (op der Gemeng) besuergen an dem Justin Gloden oder Paul Zens spéitestens den 20.3 ofginn!!!.
Mir hun am Hotel Vollpensioun, meed’Iessenfir op der Hifahrt (an der Nuecht vun Donnechdeg op Freideg) an um Réckwee (an der Nuech tvun Freideg op Samsdeg) musse selwer bezuelt ginn, well mir musse wéinst de Buschauffeuren e puer Pausen maachen an ginn e.a.op Raststätten iessen.
Sidd allgemeng manéierlech mat de Buschauffeuren an haalt de Bus propper. Dat selwecht gëlltfir d’Personal vum Stadion an deLei tvum Hotel, déi ons all Joer ganz gentil a géneréis empfänken a verwinnen.
Präis: 400 euros/Persoun: Vollpensioun, Encadrement, Transport dohinn/zréck an op der Plaz), Animatioun (Zouschlag Eenzelzëmmer: 100 euros).
Informatiounen: Justin GLODEN (jugloden@pt.lu – 661 329 357) oder Paul ZENS (paulzens@internet.lu – 621 195 141).

