News
Al Dikrich: Freideg, 10.07.2010 - Dënsdeg, 14.07.2010, Wäibud, Al Kierch, Dikrich
Léiw Memberen a léiw Elteren;
Wéi dir all wësst, huet de CELTIC ee ganze Koup Aktivitéiten iwwert d’Joër verdeelt fir eise Budget an den Equiliber ze bréngen. Eng vun deene wichtegsten, wann net déi allerwichtegst ass „Al Dikrich“. Hei verdénge mir an der Reegel méi wéi d’Hälschent vun deem Geld, wat mir iwwert ee Joër brauchen. Och dëst Joër si mir als Veräin rem während 5 Deeg an eiser Bud hei präsent. All Dag ass d’Aarbecht an 2 Schichten opgedeelt. Duerno get och nach gebotzt. Donneschdes de 8. Juli get opgeriicht a Mëttwochs de 14.Juli get ofgerappt. Et ass wuel ustrengend, awer och ganz flott a lëschteg. Hei fannt der lo een allgemenge Plang. Fir iech anzeschreiwe, maacht am beschten eng e-mail un d’Margot Hayen (margot.hayen@sainte-anne.lu) oder un den Yves Zimmer (yves.zimmer@education.lu) . Wann et net anescht geet da kënnt der och telefonéieren (808707 oder 990571). Natiirlech kënnt der iech och um Training aschreiwen. Sot och ëmmer wat fir eng Schicht(-en) dir am léiwste maacht. Mir probéieren dat dann beschtméiglechst ze respektéieren.
|
PROGRAMM 2010
|
||||
|
Dag
|
Datum
|
Schicht
|
Mir brauchen mindestens .... Leit |
vu ... bis ...
|
|
Donneschdes
|
8. Juli
|
X1
|
6
|
14.00 – 18.00
|
|
Freides
|
9. Juli
|
X2
|
3
|
14.00 – 17.00
|
|
A1
|
10
|
18.30 – 23.00
|
||
|
A2
|
12
|
22.30 – 03.00
|
||
|
Samsdes
|
10. Juli
|
B1
|
8
|
17.00 – 23.00
|
|
B2
|
12
|
22.30 – 03.00
|
||
|
Sonndes
|
11. Juli
|
C1
|
4
|
11.00 – 20.00
|
|
C2
|
10
|
19.30 – 03.00
|
||
|
Méindes
|
12. Juli
|
D1
|
6
|
17.30 – 23.00
|
|
D2
|
10
|
22.30 – 03.00
|
||
|
Dënsdes
|
13. Juli
|
E1
|
12
|
16.00 – 23.00
|
|
E2
|
12
|
22.30 – 03.00
|
||
|
Mëttwochs
|
14. Juli
|
F
|
10
|
04.30 – 07.00
|
|
Samsdes bis Dënsdes
|
10.bis 13. Juli
|
G
|
2
|
04.30 – 07.00
|
Mir soën iech elo schon am Viraus villmols merci fir ären Engagement, ouni deen eise Veräin finanziell net iwwert d’Ronne kinnt kommen.
Margot Hayen Yves Zimmer
