News

Aal Dikrich 2012


Léiw Memberen a léiw Elteren;

An de leschte Joren ass d’Zuel vun eise Memberen ëmmer méi an d’Luucht gaang, sou dass mir momentan zu iwwer 400 sinn. Dëst bréngt mat sech dass mir an der selwechter Zäit och ëmmer méi Ausgabe fir de Fonctionnement vum Veräin hunn (Training, Stagen, Material ...). Leider musse mir awer feststellen, dass d’Zuel vun de Leit déi eng Hand mat upaken, net am selwechte Mooss gewues ass, mee éischter nach zerëck gaangen ass. Iwwert d’Memberskaarte kréie mir nëmmen ee klengen Deel vun eise Recette ran, de Rescht musse mir iwwert Sponsoring, sportlech oder kulturell Manifestatiounen erschaffen. Dofir, jiddereen ass wärmstens invitéirert ze hëllefen, sou dass mir als Veräin eise Memberen déi selwecht excellent Trainingsbedingungen op laang Siicht kënne garantéieren.

Eng vun deene wichtegsten, wann net déi allerwichtegst kulturell Aktivitéit ass „Al Dikkrich“. Hei verdénge mir an der Reegel de Gros vun deem Geld, wat mir iwwert ee Joër erschaffen. Och dëst Joër si mir als Veräin rem während 5 Deeg an eiser Bud hei präsent. All Dag ass d’Aarbecht an 2 Schichten opgedeelt. Duerno get och nach gebotzt. Donneschdes den 12. Juli get opgeriicht a mëttwochs den 18. Juli get ofgerappt. Et ass wuel ustrengend, awer och ganz flott a lëschteg. Fir iech anzeschreiwe, maacht am beschten eng e-mail un de Marcel Frising (mfrising@pt.lu)  oder un den Yves Zimmer (yves.zimmer@education.lu) . Wann et net anescht geet, da kënnt der och telefonéieren (804204 oder 990571) fir iech unzemellen. Natiirlech kënnt der iech och um Training aschreiwen. Soubal mir den definitive Plang opgestallt hunn, get en op eisem Internet-Site (www.celtic.lu) publizéiert an och um Training / Stadion ausgehaangen. Dir kënnt iech dann um Training, iwwer mail oder Telefon aschreiwen.

Wéi dir um Plang gesitt, brauche mir virun allem vill Leit fir déi spéit Schichten (24.00 Auer – 03.30 Auer) . Déi méi Jonk (- 16 Joër) kënnen och hëllefen, bei der mise en place, bei der 1. Schicht (z. B. vun 18.00 Auer bis 23.00 Auer) oder och beim Opriichten an Ofrappen.

Mir soën iech elo schon am Viraus villmols merci fir ären Engagement, ouni deen eise Veräin finanziell a sportlech net iwwert d’Ronne ka kommen.

Am Numm vum Comité:
Marcel Frising                                                                   Yves Zimmer



 
Al Dikrich 2012

Plang vun de Schichten
Dag
Datum
Schicht
Mir brauche
mindestens ... Leit
vu ... bis ...
Donneschdeg
12.07.12
A1
5
14.00 – 18.00
Freideg
13.07.12
B1
5
14.00 – 18.00
B2
4
18.00 – 00.30
B3
10
20.30 – 01.00
   
B4
12
24.00 – 03.30
   
C1
2
04.30 – 06.30
Samsdeg
14.07.12
C2
4
18.00 – 00.30
C3
10
20.30 – 01.00
C4
12
24.00 – 03.30
Sonndeg
15.07.12
D1
2
04.30 – 06.30
D2
4
10.30 – 18.00
D3
6
17.30 – 23.30
D4
8
23.00 – 03.30
Méindeg
16.07.12
E1
2
04.30 – 06.30
E2
3
18.00 – 00.30
E3
5
21.00 – 01.00
E4
8
24.00 – 03.30
Dënsdeg
17.07.12
F1
2
04.30 – 06.30
F2
6
14.00 – 18.00
F3
15
16.00 – 23.30
F4
15
23.00 – 04.00
Mëttwoch
18.07.12
G1
4
04.30 – 08.30
   
G2
6
04.30 – 08.30
     
150
 
A1: Opriichten
B1: Opriichten
B2, B3, B4: Zapen, zervéieren an der Wäibud, am Béiergaart, um Comptoir an der Béiergaass.
C1: Botzen
C2, C3, C4: Zapen, zervéieren an der Wäibud, am Béiergaart, um Comptoir an der Béiergaass.
D1: Botzen
D2, D3, D4: Zapen, zervéieren an der Wäibud an am Béiergaart.
E1: Botzen
E2, E3, E4:  Zapen, zervéieren an der Wäibud an am Béiergaart.
F1: Botzen
F2, F3, F4: : Hameschmire maachen, Zapen, zervéieren an der Wäibud, am Béiergaart, um Comptoir an der Béiergaass
G1: Botzen
G2: Ofrappen