Biblio

Am Celtic Bureau am Stadion ass eng grouss Bibliothéik mat villen Bicher, Zeitungen, Zäitschrëften a soss Publikatiounen iwwer d'Liichtathletik zu Dikrich, Lëtzebuerg, an Europa, der Welt a soss Plazen.

Niewend de Billerbänn Bicher mat flotten Fotoen an informationen iwwer d'Geschicht vun der Liichtathletik, big Events etc hu mir an der Bibliothéik och Léierbicher vun der Kanner Liichtathletik bis zum Marathon Training fir den Erwuessenen.

D'Joerbicher vun der FLA sin grad esou do wéi déi vun der ALPS, mat ënner anerem och de Celtic Athleten dran.

Méi regelméisseg Publikatiounen an Zäitschrëften sin och an der Celtic Biblio: Leichtathletik Trainer, Zatopek, FLA info, Leichtathletik, Running, etc...

Fir eent oder e puer vun den iwwer honnert Wierker ze consultéieren de Paul Zens kontaktéieren. Dat selwecht gëllt fir deen , deen sech fir den Job als Celtic Bibliothécaire interesséiert.