Triathlon

NEWS

 

Ouverture Freiwaassersaison 28. Mee

En vue vun der Eröffnung vun der Freiwaassersaison, w.e.g. den Samsden Schwammbrell an Schammkaap apacken, mir fueren op Veianen an schwammen do, duerno Velo zereck op Dikrech an 6 nolaafen.
Detail:
09:10 Depart Stade Diekirch, lacker bis op Veianen,
10:00 Veianen, 1500m Schwammen,
10:45 Depart Veianen Direction Diekirch-ca 12:00
12:00 Diekirch, 6km Laafen
12:45 Fin Session.


Fir Froen ruft mech un, Velo kenne mir an Schwemm stellen, ech wärt dest am viraus klären den Owend zou Veianen.
Bis dann
JM
 

Stage zu Berdorf 14. Mee


Den 3. Stage nexten Weekend steet ganz am Zeechen vum Berduerfer Laaf. Mir profiteieren dofir vun der Geleegenheet an kombineieren dest mat der olympescher Distanz, (e bessi mei:-)).
Rendez-vous 14:00 Echternach Piscine, 1500m op Zeit schwammen, 14:00-15:00
Dann fueren mir mat den Auto'en op Berduerf an kucken vun 15:30-17:30 2 Stonnen en Tour duerch Mellerdal ze maan. Relax fueren ass ugesot.
18:00 Laaf Berduerf, jidfereen sein Tempo.
Melt iech w.e.g iwer Internet un fir dat mir do keng Zeit verleieren.
Wir gut, esou vill wie meiglech Leit unzetreffen - den Elan vun Bieles muss elo weidergedriwen gin!
JM

Nach e klenge Zousaatz fir den Weekend:
-den Carlo huet proposeiert, Sonndes em 11:00 während 3 Stonnen en Technik-training ze haalen, (korrekt Haltung um Velo, Laafstyler, Wiessel Velo/Laafen, allgemeng kleng netzlech Saachen die helefreich kenne sin, etc etc…). Avis aux amateurs. Virun den eischten Triathlon's-competitiounen en Rendez-vous deen secherlech ganz wertvoll ass.
Rendez-vous, Stade Diekirch, 11:00.
JM